Klangwanderweg Hoscheid

De Klangwanderweg zu Houschent ass 6 Kilometer laang a geet duerch de Bësch an d'Duerf. Dotëscht ginn et ca. 20 Klangstatioune wou een ka stoppen a Musek maachen. Um Flyer gesäit et aus, wéi wann een de Wee bequem an 90 Minutte kënnt trëppelen. Mee en huet et a sech. Mat de Pause sollt een 3-4 Stonnen aplangen, gutt Schong undoen a sech drop virbereeden e puer Héichtemeter ze wanderen.

Fir d'éischt geet et gemittlech duerch de Bësch an dann eng gutt Zäit zimmlech géi erof. Ënnen ukomm, fënnt een eng flott Plaz bei der Schlënner mat enger Bänk. D'Frënn vun der Schlënner hunn hei Gedrénks an d'Baach kal gestallt. Et kann een sech zerwéieren an e klenge Merci an hir Këscht leeën a sech och an d'Gästebuch androen.

Mat Buggy oder Poussette ass just ca. 1 Kilometer vum Wee (am Duerf) ze maachen. Och mat ganz klenge Kanner recommandéiert de Fritzi de Wee net. Wann een nämlech bis am Dall ukomm ass, geet et de ganze Bierg duerno net manner wäit a géi erëm erop.

Am Café des Ardennes kritt ee gratis en Klangwander Rucksak geléint mat Erklärungen a Schlägel fir déi verschidden Instrumenter. Wann een de Wee getrëppelt ass, ass een dann och frou do op der Terrass eppes Kales ze drénken oder e gudde Maufel z'iessen.

Klangwanderweg


7CA84FEC-9AD0-4813-982B-3AE766206095
58F6BBA5-8855-4292-B0F4-D8B391D3EA49
1A51D2DD-54E0-4633-B4B4-527AB37623EA
2D538DD6-9152-4EBD-92D5-308B5809BBCA
51A7D77F-A48E-4733-89A1-79A97C57FE6B
78E0B746-D878-4C11-8197-83D90902E5FD
A930A806-A0B0-4326-87F4-FC273AF88697