Bamhäiser - Escher Déierepark

04.09.2020

Am September 2020 waren de Foxi an den Hopsi um Escher Gaalgebierg beim Maisy vum Kuelebierg op Besuch. D'Maisy war leider net do, mee hat huet deenen zwee säi Bamhaus fir eng Nuecht iwwerlooss. Déi 3 Bamhaiser sti matten am Déierepark a si fir 4-6 Leit geduecht. Et gëtt e Buedzëmmer, 2-3 Schlofzëmmer, en Iesszëmmer mat enger mini Kichen an 1-2 Terrassen. Dem Maisy säin Haus ass wonnerschéin dekoréiert, immens propper an d'Better hu bequem Matrassen. 2 Parkplazen (+/- 150 m ewech) pro Haus stinn och zur Verfügung a mat engem Badge kann een zu all Moment mam Auto eraus an era fueren. Gratis Déierefudder steet natierlech och prett. Moies hunn de Foxi an de Hopsi Kaffi op dem Maisy senger Terrasse gedronk. Bréidercher, Croissant'en a wat ee soss nach brauch, kritt een an engem Kuerf an d'Haus bruecht.

E Bamhaus fir eng Nuecht ass kee bëllege Spaass, mee de Präis ass absolut gerechtfäerdegt. Och de Bamhaus Café ass een eenzegaartegt Erliefnes. 

De Foxi an den Hopsi ware sécher net fir d'Läscht an de Bamhaiser um Escher Gaalgebierg.

Bamhaiser


34DFD7FF-7DB4-4813-B1BD-60E762449EF4
4844158D-47D5-4F9D-AC23-3C002A553D91
7064C9C0-1913-424C-92F3-51C126745E33
52BA7196-88ED-4ABF-B83D-DF0CD1B481D1
D93AE83C-6EF5-4D3F-A152-833630005915
BC256E43-CF85-4413-83FA-08AD2517A043
695018A4-B6CE-4732-8E4A-77780943B308
B92FF7EB-D2DB-4229-A828-31E53B972032