17.08.2020
De Fritzi hat vill Spaass am Walygator. Am Park ginn et vill flott Spiller fir déi kleng an och déi méi grouss Kanner. Besonnesch flott ass den Dino Raft. Allerdéngs muss een hei bei guddem Wieder och mat enger relativ laanger Waardezäit rechnen. Flott fir déi e bësse méi grouss Adrenalin Junkien ass, dass d'Héichtenugabe fir d'Achterbunnen net grad esou héich ugesat sinn ewéi an Däitschland zum Beispill. Dohier dierf e Kand ab 120cm och scho mat op d'Looping Achterbunn goen.
Schued ass awer, dass dat flott Karussell mat de Museksinstrumenter net méi do ass.
Leider ass de Park net besonnesch propper. Op ville Spiller gesäit een Dréck, eidel Fläschen an och Planzen ne deene laang net gekuckt ginn ass. Och d'Restaurant'en si schlecht organiséiert a bidde just mëttelméissege Fast Food un. De Fritzi réit iech dohier e Picknick matzehuelen oder besser ausserhalb vum Park z'iessen.
Klengen Tipp: Um Wee zeréck ass den Outlet "Marques avenue" zu Talange. Besonneg d'Mammi kann ee mat engem klenge Stopp do glécklech maachen. ;-)















